Europa Aktuell
/ EU-Kommissioun well Entreprisen méi Transparenz bei de Payen imposéieren
EU-Kommissioun well Entreprisen méi Transparenz bei de Payen imposéieren
D'EU-Kommissioun huet wëlles, den Entreprisen virzeschreiwen, méi transparent bei de Salairen ze sinn. De But ass et, dofir ze suergen, datt d'Egalitéit tëscht Männer a Fraen bei de Payen respektéiert gëtt.
Et ass fir d'éischte Kéier, datt esou eng Reegel net op ee fräiwëllegen Engagement vun den Entreprise setzt, mee effektiv contraignant wier. Muer soll d'Direktive offiziell op enger Pressekonferenz presentéiert ginn.
D'Agathe Cherki konnt am Virfeld ee Bléck dorp werfen a gëtt eis e puer Detailer.