Europa Aktuell
Europa Aktuell
Showdown gëscht am Europaparlament: No engem Hin an Hir, wat sech zéng Joer laang hi gezunn huet, sinn déi 12 Membren vun der ungarescher Fidesz-Partei aus der Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei ausgetrueden.
Déi Lëtzebuerger CSV, déi Member an der EVP ass, hat sech zesummen mat aneren nationalen Delegatiounen zanter Joeren dofir agesat. Am Summer 2019 war d'Memberschaft vun der ungarescher Regierungspartei vum Viktor Orban zwar an der EVP suspendéiert ginn, fir een Ausschloss gouf et awer ni eng Majoritéit.
Dat louch ënner anerem och drun, datt déi däitsch CDU/CSU sech ëmmer nees hannert d'Fidesz gestallt huet.
D'Danièle Weber iwwert déi schwéier Scheedung tëscht Fidesz an EVP.