Europa Aktuell
Europaparlament wëllt EU als LGBTIQ-Freedom-Zon ausruffen
Ee Joer ass et hier, datt sech a Polen déi éischt Stied als Zonen deklaréiert hunn, déi fräi vun all LGBTI-Ideologie sinn. Zanterhier hunn eng 50 polnesch Gemengen oder Regiounen änlech Resolutiounen ugeholl an LGBTI-Persounen - also Homosexueller, Trans-gender oder Intersex-Leit, zu Persona non grata op hirem Territoire deklaréiert.
D'Europaparlament erënnert dës Woch un deen traurege Gebuertsdag vum Ufank vun där Beweegung an huet wëlles, d'EU symbolesch als Freedom Zon fir LGBTI-Leit auszeruffen.
D'Agahte Cherki iwwer d'Situatioun a Polen an d'Debatten am Parlament.