Europa Aktuell
Learning by Corona: D'EU plangt Reforme vu Gesondheets-Agencen
Duerch d'Corona-Pandemie si verschidden EU-Institutiounen op eemol an de Mëttelpunkt geroden. Eng dovun ass d'EMA, déi Europäescher Agence fir Medikamenter, déi ënner anerem zoustänneg ass fir d'Autorisatioun vun neien Covid-Impfstoffer.
Mee och dee manner bekannten Europäeschen Zentrum fir Krankheetspreventioun a Kontroll gouf op eemol zimmlech berüümt. D'Ofkierzung ECDC ass haut am Contraire zu virun engem Joer ville Leit ee Begrëff. Den ECDC soll genee wéi d'EMA an Zukunft gestäerkt ginn. Dat ass eng vun de Léieren, déi d'EU aus der Pandemie zéie wëllt. Allerdéngs sinn déi éischt Pläng fir d'Reformen éischter bescheiden.
Detailer vum Danièle Weber