Europa Aktuell
Wéi sozial gëtt d'Relance?
Déi europäesch Wirtschaft, déi staark ënner der Corona-Pandemie gelidden huet, nees ze relancéieren - dat ass d'Haaptzil vun den europäeschen Hëllefen, iwwer déi sech d'Staats- a Regierungscheffen Enn d'lescht Joer eens goufen. Am Kader vun deem Plan de Relance solle ronn 750 Milliarden Euro an d'Länner fléissen. Fir dës Suen auszeginn, gëlle verschidde Krittären.
Wéi eng Roll spillt doran de soziale Volet? Dat war eng vun de Froe gëschter Owend op enger Video-Konferenz. Zu Lëtzebuerg konnten d'Sozialpartner do net genuch matschwätzen, esou déi däitlech Kritik, déi do zum Ausdrock koum - D'Danièle Weber mat Detailer