Europa Aktuell
Spuenien: Roserei iwwer Reesrestriktiounen
Anti-Corona-Mesurë waren natierlech och ee Sujet um EU-Sommet vu gëschter. Plazeweis an Europa ginn déi Mesuren als ongerecht empfonnt. Zum Beispill a Spuenien, wou nach ëmmer ee strikte Confinement gëllt, wat d'Fräiheet am Land ze reesen ugeet. D'Spuenier dierfen déi Regioun, an där si wunnen, net verloossen, och net fir d'Ouschteren.
Op där anerer Säit sinn d'Grenzen awer op fir Touristen, si kënnen an d'Land areesen an dohi fueren, wou si wëllen, fir Vakanz ze maachen. Déi "zweeërlee Mooss" mécht ëmmer méi Leit rosen. Vu Barcelona d'Aurélie Chaumerois