Europa Aktuell
Slowenien: Pressefräiheet vun uewe menacéiert
Wann een un Attacken op d'Presse- oder d'Meenungsfräiheet bannent der EU denkt, fält engem als éischt Ungarn an d'Politik vun der Regierung vum Viktor Orban an. Et ass awer net dat eenzegt Land, wou déi Grondwäerter a Gefor sinn. A Slowenien huet de Premier Janez Jansa an de leschte Wochen a Méint ëmmer nees virun allem déi ëffentlech rechtlech Medien ugegraff.
Ënner anerem dem Europaparlament mécht déi Situatioun Suergen, et goufe verschidden Auditiounen organiséiert, bei deene verschidden Acteuren aus der Medienzeen zu Wuert koumen. De leschte Freideg war och de Premier selwer op eng Videokonferenz invitéiert - säin Optrëtt do huet fir ee Skandal gesuergt - a rosen Europadeputéiert hannerlooss - firwat, weess d'Agathe Cherki.