Europa Aktuell
OpenLux: Et gi méi streng Reegele gebraucht
D'Publikatioune vun Donnéeën aus dem Lëtzebuerger Firmeregëster am Kader vun der sougenannter OpenLux-Enquête haten ufanks Februar fir Opreegung gesuergt. Méiglech goufen déi Recherchë vu Journalisten aus verschiddene Medien doduerch, datt zu Lëtzebuerg déi Donnéeën ëffentlech zougänglech sinn. Dat ass zwar enger EU-Direktiv no esou virgesinn, awer nach laang net iwwerall de Fall. Op Zypern, a Rumänien, Ungarn oder der Tschechescher Republik gëtt et zum Beispill keen esou ee Regëster. An anere Länner ass en net accessibel.
D'Loreline Merelle huet sech d'Situatioun an der EU ugekuckt a festgestallt, datt ausgerechent ee fréiere Member vun der EU am Verglach ganz gutt ofschneit.