arrow_back_ios
Europa Aktuell
Fleegepersonal: Belkir Belhaddad fuedert Efforte vu Lëtzebuerg
Et ass mat Sécherheet keng Neiegkeet, datt de Lëtzebuerger Gesondheetssystem net ouni Fleegepersonal aus dem Ausland funktionéiert. Fir ze verhënneren, datt et dowéinst zu engem oppene Konflikt mat den Nopeschlänner kënnt, betounen d'Lëtzebuerger Spideeler zwar zanter e puer Méint, si géifen net méi aktiv probéiere fir Fleegepersonal aus dem Ausland ofzewerben. An awer suergt d'Situatioun weider fir Tensiounen, wéi de Rick Mertens am Gespréich mat deem franséischen Deputéierten erausfonnt huet.