Europa Aktuell
Brexit: Europaparlament hëlt lescht Etapp
Wann haut d'Europaparlament Jo seet zum Handelsaccord, deen d'EU mat Groussbritannien ofgeschloss huet, geet ee laangt Kapitel op en Enn. De Vott ass déi lescht Etapp vum Brexit - bal fënnef Joer nodeems sech eng knapps Majoritéit vun de Britten a Brittinnen dofir ausgeschwat hunn, d'Europäesch Unioun ze verloossen.
Den Accord reegelt d'Zukunft vun de Relatiounen. D'Parlament hat den Text vun iwwer 1.200 Säite séier missten duerchhuelen. Et weist sech am grousse Ganzen zefridde mam Accord, awer skeptesch, wann et drëms geet, op déi brittesch Säit sech och drun hale wäert. D'Danièle Weber informéiert.