Europa Aktuell
/ Serie: Wat geschitt mat den EU-Suen? Dee franséische Plan de relance
Serie: Wat geschitt mat den EU-Suen? Dee franséische Plan de relance
An eiser Rubrik Europa Aktuell starte mer haut eng Serie: An den nächsten Deeg a Woche kucke mer drop, wat d'Länner vun der Europäescher Unioun mat de Suen maachen, déi hinnen am Kader vum 750-Milliarden Euro Anti-Krisefonds vun der EU zoustinn.
Bis haut haten d'Länner Zäit hire Projet bei der Europäescher Kommissioun anzereechen. Do gëtt iwwerpréift, ob deen nationale Plang de Kritären entsprécht, déi virdru festgeluecht goufen. De Lëtzebuerger Plang gouf dës Woch an der Chamber duerchgeholl.
Mir kucken haut am éischten Deel op dee franséische Plang, deen ee Mëttwoch zu Bréissel deposéiert gouf.
D'Loreline Merelle huet Detailer.