Europa Aktuell
EU-Sozialsommet: Méi wéi just Wierder?
Wéi kann Europa méi sozial ginn? Haut ass zu Porto a Portugal den EU-Sozial-Sommet - eng Konferenz, op där d'EU-Staats- a Regierungscheffe mat Gewerkschaftsvertrieder an aneren Acteuren iwwer d'Ziler diskutéieren, déi sech d'EU an deem Beräich ginn huet.
Et ass no laanger Zäit mol nees eng physesch Reunioun, op där sech wierklech Leit begéinen - deen éischte grousse Rendez-vous op europäeschem Niveau baussent Bréissel zanter dem Ufank vun der Pandemie. Scho gëschter gouf dee soziale Sommet agelaut duerch eng Konferenz vun den europäesche Gewerkschaften.
Fir eis op der Plaz ass eis EU-Korrespondentin Danièle Weber.