Europa Aktuell
Ee Recht op Reparatur: Bis elo keng eenheetlech Reegelen an der EU
6 min
Eppes flécken aplaz et ewechzegeheien: 2019 hu méi wéi 40 ONGen an der EU eng Initiativ lancéiert, déi fir ee Recht op Reparatur kämpft. D'Entreprisë solle forcéiert ginn, hir Produiten esou ze plangen, datt et méiglech ass, se ze reparéieren. Zum Beispill muss dofir gesuergt ginn, datt Ersatzstécker och ze kréie sinn. D'Industrie wiert sech dogéint, an d'EU kënnt nëmme lues a lues virun.
Verschidden Europadeputéiert fuerderen eng Zort Produktpass, deen déi néideg Informatiounen iwwer ee Produit liwwere géif . D'Loreline Merelle iwwer dee leschte Stand vun den Diskussiounen.