Europa Aktuell
Belsche Plan de Relance: Zimmlech gréng, mee et gëtt Grozonen
6 min
Wéi ginn d'Suen aus dem EU-Antikrise-Fonds op nationalem Niveau agesat? Dorop kucke mer zanter zwou Wochen an enger Serie vu Reportagen - an haut gi mer do bei eis Noperen, an d'Belsch.
D'Land hofft, Subventiounen an der Héicht vu sechs Milliarden Euro aus dem Bréisseler Dëppen ze kréien. D'Suen sollen an honnerte vu Projeten gestach ginn, déi wéi bei all deenen anere Länner bestëmmte Critère erfëlle mussen.
Um Pabeier ass et ee vun deene Pläng, deen am "gréngsten" ass - et gi besonnesch vill Suen an de Klimaschutz gestach. Allerdéngs gëtt et do Gro-Zonen, wéi eng Analyse vun der Université libre de Bruxelles weist - d'Agahte Cherki huet sech dee belsche Plan méi genee ugekuckt.