Europa Aktuell
EU-Covid-Zertifikat kéint degradéiert ginn
6 min
Wéini kënnt, an der EU, den digitalen Covid-Zertifikat? A virun allem: Wat ass en dono wäert, wat därf een domatt machen? Dat si Froen, déi sech vill Leit stellen....
Ier et esou wäit ass, muss d'EU sech awer d'éischt emol iwwert de Prinzip eens ginn - haut gëtt doriwwer viruverhandelt - tëscht dem Europaparlament, der Kommissioun an den nationale Regierungen.
Et soll séier goen, doriwwer ass ee sech eens - an awer bleiwen e puer zentral Froen op, bei deenen d'Meenungen deels wäit ausenee ginn - Danièle Weber