Europa Aktuell
/ Aus der EU gëtt 50 Prozent vum Impfstoff exportéiert. Wat heescht dat konkret?
Aus der EU gëtt 50 Prozent vum Impfstoff exportéiert. Wat heescht dat konkret?
Bis Enn des Mounts sollen d'Halschent vun de Leit an der EU hir 1. Impf-Dosis géint de Coronavirus kritt hunn. Dat sot gëscht nom EU-Sommet d'Presidentin vun der Europäescher Kommissioun, Ursula von der Leyen. Sou lues kéint ee virsiichteg optimistesch sinn, en vue vu Labberungen vun Anti-Covid-Mesuren.
Weltwäit gesinn, sinn d'Ënnerscheeder an de Fortschrëtter vun den Impfcampagne enorm. An Afrika zum Beispill si baal iwwerall bis elo net emol zwee Prozent vun de Leit geimpft.
Um Sommet huet sech d'EU engagéiert, bis Enn des Joers 100 Milliounen Dosissen u Länner ze spenden, déi se dringend brauchen.
Vun enger gerechter Verdeelung ass een do nach wäit ewech.