arrow_back_ios
Europa Aktuell
Neie Code de Conduite fir Google Facebook & Co
D'Europäesch Kommissioun wëll eng Schëpp bäileen am Kampf géint fake news, déi iwwert Online-Plattformen wéi Twitter oder Facebook verbreet ginn. Eng Partie vun hinne hu sech iwwert ee "Code de conduite" selwer verflicht, Mesuren ze huelen. Bis elo huet sech allerdéngs keen esou richteg un déi Reegelen gehalen, huet gëschter den EU-Kommissär fir de Bannemarché , den Thierry Btreton gesot. Dowéinst solle se elo verschäerft ginn.