Europa Aktuell
Schengen-Raum: Grenzkontrolle sollen an Zukunft verhënnert ginn
D'Corona-Pandemie huet bekanntlech dofir gesuergt, datt deelweis Kontrollen och bannent der EU nees agefouert goufen. D'Europäesch Kommissioun wëll an Zukunft méi streng dogéint virgoen.
Si huet gëschter eng Partie Recommandatiounen fir d'Gestioun vum Schengen-Raum gemaach. Et wier un der Zäit dee System ze reforméieren, an dofir ze suergen, datt esou Situatiounen, wéi mer se an de leschte Méint erlieft hunn, net méi virkommen.
Dé néideg Instrumenter, fir effektiv dofir ze suergen, datt d'EU-Länner net nach eng Kéier d'nämmlecht reagéieren, ginn awer eréicht méi spéit proposéiert.