Europa Aktuell
D'EU soll méi decisiv géint geschlechtspsezifesch Gewalt virgoen
Iwwerall an Europa huelen d'Feminiciden - also d'Ëmbrénge vu Fraen a Meedercher - mee och aner Gewaltdoten, déi sech speziell géint Fraen a Meedercher riichten, ëmmer méi zou.
D'Europäesch Kommissioun ass sech deem bewosst an iwwerleet, geschlechtsspezifesch Gewalt op d'Lëscht vun de Verbriechen ze setzen, déi um europäesche Niveau unerkannt sinn. Op där Lëscht sti Kategorië wéi Terrorismus, Mënschen- an Drogenhandel oder Blanchiment - hire But ass et, de Kampf dogéint an der EU zesummen ze organiséieren. D'Europaparlament mécht elo Drock, datt een an der EU méi staark géint geschlechtsspezifesch Gewalt virgoe soll.
Ee Beitrag vum Agathe Cherki