Europa Aktuell
Patentschutz: Europaparlament ass lénks-riets gespléckt
Wa weltwäit am aktuellen Tempo weider geimpft gëtt, musse Länner mat niddrege Revenuen nach gudder 57 Joer waarden, bis jiddweree geimpft ass. Dat hunn eng Partie ONGen, dorënner Oxfam, dës Woch ausgerechent.
Fir datt iwwerall op der Welt méi Vaccin zur Verfügung steet, muss méi produzéiert ginn. Doriwwer ass ee sech eens. Doriwwer, wéi een dat Zil erreeche kann, ginn awer d'Meenungen auserneen. Och am Europaparlament, wou haut doriwwer ofgestëmmt gëtt, ob de Patentschutz fir d'Impfstoffer op d'mannst zäitweis soll opgehuewe ginn. Dat soll, esou d'Hoffnung vun där enger Säit, fir méi Impfstoff suergen. D'Danièle Weber resuméiert d'Positioune vu béide Säiten.