Europa Aktuell
/ Birgit Sippel: "Onbegräiflech, datt d'EU-Kommissioun weider op Zäit spillt"
Birgit Sippel: "Onbegräiflech, datt d'EU-Kommissioun weider op Zäit spillt"
Suen aus dem europäesche Budget sollen an Zukunft besser viru Korruptioun geschützt ginn. D'EU war sech am Dezember iwwer nei Reegelen eens ginn. Si ginn der Europäescher Kommissioun d'Moyene fir anzegräifen, wann de Verdacht besteet, datt Saachen net korrekt oflafen.
Bis elo goufen déi nei Reegelen nach net an der Praxis ugewant. D'Europäescht Parlament werft der Kommissioun vir, hei op Zäit ze spillen an dreet elo op en Neits an enger Resolutioun, d'Kommissioun viru Geriicht ze huelen, wa si net aktiv gëtt.
D'Danièle Weber huet doriwwer mat der däitscher Europadeputéiert Birgit Sippel geschwat. D'SPD-Politikerin ass Co-Autrice vun där Resolutioun, iwwer déi d'Parlament gëschter Owend ofgestëmmt huet.