Europa Aktuell
Eng gréng Zukunft fir d'Landwirtschaft?
All siwe Joer gëtt déi europäesch Agrarpolitik op de Leescht geholl: D'EU huet de grousse Kader fir déi zukünfteg Ausriichtung scho gesat: D'Landwirtschaft soll méi krisefest, méi digital, méi sozial gerecht an virun allem och méi ëmweltfrëndlech.
Wéi dat op nationalem Plang soll geschéien, gëtt am Lëtzebuerger Strategieplang festgeschriwwen. Un deem gëtt zanter Enn 2019 geschafft, en Aarbechtsdokument goung elo u Baueren-, Wënzer an Naturschutzorganisatiounen, si sollen hir Commentairen an Avisen dozou ofginn, éier d'Dokument fäerdeg gestallt gëtt.
De Jacques Ganser informéiert.