Europa Aktuell
Benelux pocht op LGBTIQ-Rechter an den Etat de Droit an der EU
Wat kann d'EU machen, fir datt d'Regierungen an Ungarn an a Polen net ëmmer nees géint EU-Wäerter verstoussen? Doriwwer diskutéieren haut déi zoustänneg Ministeren aus de 27 EU-Länner op hirer Reunioun zu Lëtzebuerg.
Verschidde Mënscherechtsorganisatioune maachen Drock, datt d'EU méi seriö géint déi Verstéiss muss virgoen. Den Handlungsspillraum ass limitéiert, mee d'Länner géifen net all hir Moyenen ausnotzen, esou de Reproche.
D'Benelux-Länner hu wëlles, hirersäits haut drop ze pochen, datt verschidde Rechter an der EU net negociabel sinn.
Hannergrënn mam Danièle Weber