Europa Aktuell
Slowenien iwwerhëlt d'Presidence vun der EU
Wat geschitt, wann ee Rietspopulist d'Presidence vun der EU iwwerhëlt? Déi Fro gëtt sech den Ament net nëmmen am Europaparlament gestallt. D'EU-Presidence wiesselt bekanntlech all sechs Méint. Zanter dem 1. Juni ass Slowenien un der Rei an ass domat dofir zoustänneg d'Verhandlungen am Numm vun de Memberlänner ze féieren.
Et ass, wann och méi am Hannergrond, eng Schlësselroll an der Europäescher Unioun. An datt déi elo vun enger Regierung mat engem Hardliner vum rietse Bord un der Spëtzt iwwerholl gëtt, mécht verschiddene Leit Suergen.
Gëschter huet de sloweenesche Premier Janez Jansa den Europadeputéierte säi Programm presentéiert a gouf do mat engem heftege Géigewand empfaangen.
E Reportage vu Bréissel vum Danièle Weber mat der Ënnerstëtzung vum Agathe Cherki vu Strosbuerg