arrow_back_ios
Europa Aktuell
EU-Kommissioun plangt grousse Worf am Klimaschutz
Wéi kann d'EU hir Klimaziler erreechen? D'Ziler goufe bekanntlech erhéicht a muer stellt d'Europäesch Kommissioun ee ganze Pak vir - deen d'EU Fit fir 55 maache soll. Et handelt sech ëm am Ganzen 12 Gesetzesproposen, déi alleguerten zesummen dofir suerge sollen, datt d'Emissiounen, déi schiedlech fir d'Klima sinn, bis 2030 ëm 55 Prozent par rapport zu 1990 reduzéiert ginn.
Wat ass do alles dran an deem Pak? Wou genee ginn d'Ziler verschäerft? Äntwerte mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber