Europa Aktuell
Kritik um geplangten Emissiounshandel fir Transport a Gebaier
Bis 2030 op d'mannst 55 Prozent manner CO2 an d'Loft ze blose wéi dat nach 1990 de Fall war - dat ass d'Zil, dat sech d'Europäesch Unioun ginn huet. Fir dat Zil ze areechen, muss d'Schrauf bei de Reglementatiounen ugezu ginn, seet d'Europäesch Kommissioun. Si presentéiert haut ee ganze Pak vun neien oder iwwerschaffte Gesetzer.
Dozou gehéiert och den Ausbau vum Emissiounshandel. Dee System gëtt et zanter 2005, e gëllt fir d'Industrie a soll elo och fir den Transport an d'Gebaier ageféiert ginn, Beräicher, an deenen d'Emissioune besonnesch héich sinn. Deen Ausbau vum Emissiounshandel ass awer net onëmstridden.
D'Danièle Weber mat engem Virgeschmaach op d'Diskussiounen, déi de Klimapak vun der Kommissioun ausléise wäert.