arrow_back_ios
Europa Aktuell
D'Erausfuerderung vum Dolmetschen an der Pandemie
Zanter Mäerz zejoert schaffen d'Interpreten am Europaparlament op Distanz. D'Parlament ass stolz op säi komplexen, neie System, deen et méiglech gemaach huet, datt d'Reunioune vun den Deputéierte konnten an 23 Sproochen ofgehale ginn. Dat ënner strenge sanitäre Konditiounen. Dëst technescht Meeschterwierk huet och säi Präis, notamment wat d'Gesondheet vun den Interpreten ugeet. Vu Stroossbuerg d'Loreline Merelle