Europa Aktuell
Afghanesch Mënscherechts-Aktiviste schloen Alarm
D'EU huet wëlles hir humanitär Hëllef fir Afghanistan däitlech eropzesetzen. Déi Hëllef soll u Konditioune geknäppt ginn. Allerdéngs ass d'Fro, wéi ee genee soll mam Regimm vun den Taliban verfueren, net gekläert. Den Engagement mat den Taliban sollt "operativ" sinn, et géing net drëm, dee Regimm politesch unzëerkennen, sot e Freideg den EU-Chef-Diplomat Josep Borell.
Mënscherechts-AktivistInnen hu gëschter am Europaparlament virdru gewarnt, sech vun den Taliban täuschen ze loossen. D'Situatioun um Terrain géif weisen, datt et all Ursaach gëtt, alarméiert ze sinn. Detailer: Danièle Weber