Europa Aktuell
Neit Reglement fir Exportkontrollen
Am Juli hat d'Affär ronderëm d'Software Pegasus fir Opreegung gesuergt. Mat der Hëllef vu Pegasus goufe méiglecherweis Journalisten, Mënscherechtler, a souguer Staatscheffen an Europa illegal ausspionéiert. D'Software gouf vun der Firma NSO aus Israel exportéiert. Déi Entreprise huet hire Siège an och Filialen zu Lëtzebuerg.
Vun haut u gëllt an der EU en neit Reglement, datt den Export vu sougenannten Dual-Use-Gidder reegelt. Gidder oder Technologien also, déi souwuel zivil wéi och militäresch genotzt kënne ginn. An dat Reglement soll de Mëssbrauch vu Softwarë wéi Pegasus verhënneren. D'Danièle Weber mat Hannergrënn