Europa Aktuell
EU-Klimapak ënner Drock
Am Europaparlament hält d'Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen haut hir Ried zur Lag vun der Unioun. Zanter zéng Joer ass et Traditioun an der EU, datt an dëser Ried déi grouss Linne fir d'EU-Politik gezeechent ginn.
De Green Deal, d'Klimaschutzpolitik vun der EU, wäert dora mat Sécherheet zur Sprooch kommen. D'Kommissioun hat am Juli ee ganze Pak vu Mesurë proposéiert. D'Diskussioun doriwwer huet eréischt ugefaangen. A si riskéiert elo kuerz virum Wanter zimmlech hëtzeg ze ginn. Dofir suergen ënner anerem d'Präisser fir d'Elektrescht, déi klammen, an déi d'Regierungen a verschiddenen EU-Länner ënner Drock setzen.
D'Danièle Weber informéiert.