Europa Aktuell
AUKUS: Frankräich zielt op Solidaritéit vun der EU
"America is back" - dat war dem Joe Biden säi Message, nodeems hien als President vun den USA gewielt gouf. D'Erliichterung war deemools grouss, op der Säit vun der EU, wou drop gehofft gouf, datt sech déi transatlantesch Relatiounen no der Trump-Ära nees normaliséiere géifen.
Den Ament awer ass d'Loft tëschent béide Partner éischter déck. Grond dofir ass net nëmmen d'Kris an Afghanistan. Derbäi koum elo een Accord iwwer den Akaf vun U-Booter, deen Australien mat den USA a Groussbritannien ofgeschloss huet, an dee Frankräich vill Sue kaschte wäert.
D'EU weist sech solidaresch mat Frankräich - allerdéngs ass et onkloer, wéi wäit déi Solidaritéit geet. Explikatioune vum Danièle Weber