Den 26. September 1860 gouf d'Regierung ënner der Féierung vum Victor de Tornaco vereedegt. Si war bis den 3. Dezember 1867 am Amt a sollt an deene siwe Joer am Ganze sechsmol ëmgebilt ginn. Duerch den Ausbau an där Zäit vu verschiddenen Eisebunnslinne krut d'Stolindustrie hei am Land ee weideren Opdriff. Awer och aussepolitesch Evenementer hunn d'Regierung de Tornaco markéiert, esou d'Opléise vum Däitsche Bond oder de Versuch vum Napoleon III fir vum Kinnek a Grand-Duc Wëllem III Lëtzebuerg ofzekafen. Dat gouf awer vum Bismarck mam Londoner Vertrag verhënnert, d'Festung Lëtzebuerg geschleeft an d'Land op éiweg neutral an onofhängeg.
arrow_back_ios