arrow_back_ios
Europa Aktuell
Wéi soll d'EU op d'Hausse bei den Energiepräisser reagéieren?
Iwwerall an Europa klammen d'Energiepräisser. A verschiddene Länner ass de Strounm véier Mol sou deier wéi nach am Januar. D^Hausse huet verschidden Uersaachen. An et gëtt och ënnerschiddlech drop reagéiert. D'Europäesch Kommissioun wollt haut Iddien fir Mesuren op den Dësch leen, huet dat awer op déi nächst Woch verluecht. De Sujet wier delikat an et bräicht ee méi Zäit. Et zeechent sech of, datt d'EU-Länner ënnerschiddlech Virstellungen iwwert eng Adequat Reaktioun hunn, Danièle Weber