Dem Camille Saint-Saëns säin musikalescht Talent gouf schonn a ganz jonke Joren entdeckt a gefërdert. Säin musikaleschen Debut als Komponist hat hien 1853. An den 1880er Joren gelt hien als gréisse Museker a Frankräich, gouf an d'Académie des Beaux Arts gewielt an zum Offizéier vun der Légion d'Honneur ernannt. Och wann hien sech fir eng progressiv franséisch Sinfonik agesat huet, gelt de Camille Sain-Saëns a sengen leschten Liewensjoren als almoudesch. Hien war awer och deen éischte renomméierte Komponist, dee fir ee Film d'Musek komponéiert huet, an zwar fir L'assasinat du Duc de Guise vun 1908.
arrow_back_ios