arrow_back_ios
Europa Aktuell
Nei EU Gesondheets-Agence: Parlament fillt sech ausgeschloss
D'Europäesch Kommissioun proposéiert, eng nei Gesondheets-Agence, déi virun allem dofir do ass, d'EU besser op sanitair Krisen ze präparéieren. D'Europadeputéiert awer hunn zimmlech enttäuscht op d'Présentatioun vum Projet reagéiert. Si reege sech driwwer op, datt si komplett ausgeschloss goufen. Gëscht hu si net mat Kritik géintiwwer der Gesondheets-Kommissärin Stella Kyriakides gespuert. D'Agathe Cherki huet deen Débat suivéiert.