Europa Aktuell
EU gëtt sech eens iwwert Mandat fir d'Welt-Klimakonferenz
Enn Oktober fänkt zu Glasgow déi nächst Weltklimakonferenz un. Et ass déi 26t. Klimakonferenz vun de Vereente Natiounen, si sollt schonn zejoert sinn, gouf awer wéinst der Pandemie verluecht.
Mat wéi engen Ambitiounen reest d'Europäesch Unioun op des wichteg Reunioun?
D'EU gesäit sech selwer als "Leader" op der Welt, wann et em de Klimaschutz geet, a géif déi Roll gären zu Glasgow ënnersträichen. Gëscht si sech d'Ëmweltministeren aus de 27 Memberlänner eens ginn iwwert d'Mandat, mat deem d'EU an dës Verhandlungsronn geet.
An do gouf virun allem iwwert een Detail gestridden. Een Detail, deen awer net onwichteg ass - Danièle Weber: