arrow_back_ios
Europa Aktuell
D'Spannunge gi méi grouss tëscht Polen an der EU
Et ass ee juristescht Äerdbiewen: dat polnescht Verfassungsgeriicht huet dës Woch befonnt, datt verschidden Artikelen aus den europäeschen Traitéen der Verfassung vum Land widderspriechen. Esou een Arrêt ass et nach ni ginn: nach ni ass d'Tatsaach, datt europäescht iwwer nationalem Recht steet esou radikal a Fro gestallt ginn. D'Spannungen tëscht Polen an der EU ginn ëmmer méi grouss, dat ass d'Analys vum Sandro Calderon vun der belscher RTBF.