Europa Aktuell
EU-Recht vs polnescht Recht: Wéi reagéiert d'EU?
A Polen huet viru Kuerzem deen ieweschte Geriichtshaff decidéiert, datt polnescht Recht virun EU-Recht steet, an datt Deeler vum EU-Recht net konform mat der polnescher Verfassung sinn. Dat huet fir vill Diskussiounen an der EU gesuergt.
Gëschter stounge sech am Europaparlament déi zwou Säite géintiwwer - a si sech net méi nokomm. Onkloer ass, wéi d'EU reagéiere wäert. D'Europaparlament mécht Drock - an och d'Benelux-Länner hu gëschter een Appell gemaach, net nozekucken, wéi d'Fundament vun der EU ënnergruewe gëtt. Hannergrënn vum Danièle Weber