Europa Aktuell
EU-Wäerter op der Grenz mat Belarus net respektéiert
Dausende vu Migrante setzen op der Grenz tëschent Belarus an der Europäescher Unioun fest. De Regimm vum belarussesche President Lukaschenko steet ënner dem Verdacht, déi Leit gezielt an d'Grenzregioun geschéckt ze hunn, als Reaktioun op Sanktiounen vun der EU.
Op der Grenz mat Litauen, Lettland a Polen spille sech dramatesch Zeenen of, gréisstendeels ouni datt d'Ëffentlechkeet eppes dovu matkritt.
Polen huet den Etat d'Urgence an der Grenzregioun ausgeruff a léisst weder Journalisten nach Hëllefsorganisatioun op d'Plaz.
Esou ass et och enger Delegatioun aus dem Europaparlament ergaangen - d'Europadeputéiert hu gëschter de Rapport gemaach - Danièle Weber: