arrow_back_ios
Europa Aktuell
Rouden Teppech fir d'Marine Le Pen zu Budapest
Mat groussem Pomp ass d'Marine Le Pen ufanks der Woch zu Budapest empfaange ginn. Den ungaresche Premier Victor Orban huet keen Opwand gescheit fir der Kandidatin vum franséische Rassemblement national den Haff ze maachen. Dobäi ass hie bis elo éischter op Distanz mat hir gewiescht. D'Visitt gouf vill mediatéiert. Vun der ganzer Duerstellung hunn déi nationalistesch Politiker allen zwee eppes. Där Meenung ass den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF a senger Chronik.