Europa Aktuell
Frances Haugen: EU kéint Virbild sinn
Facebook setzt de Profit iwwer d'Mënschen - dat seet déi fréier Mataarbechterin vum Konzern am kalifornesche Silicon Valley. D'Frances Haugen - an der Tëschenzäit och als Facebook-Whistleblowerin bekannt - hat intern Donnéeën erofgelueden a se ufanks Oktober am amerikanesche Kongress presentéiert.
Gëschter stoung d'Amerikanerin am Europaparlament dräi Stonne laang de Parlamentarier zu Bréissel Ried an Äntwert. Si huet do hir Reprochë géintiwwer Facebook widderholl a kloer gemaach, datt d'EU mat de geplangten neie Reegele fir Online-Entreprisë kéint international Standarde setzen.
D'Danièle Weber huet d'Diskussioun am Parlament suivéiert.