Europa Aktuell
Europa Aktuell
Jorelaang gouf driwwer diskutéiert, gestridden an u Kompromësser gebastelt. Rieds ass vun der Reform vun der europäescher Agrarpolitik. Et geet et ëm vill Suen. Mat 270 Milliarden Euro ass et dat gréissten Dëppen, wat vu Bréissel aus un d'Memberlänner verdeelt gëtt.
Gëscht huet d'Europa-Parlament déi Reform elo endgülteg gutt geheescht. Dobäi ass se duerchaus ëmstridden. Si wier net en ligne mat den ambitiéisen Ziler vum Klimaschutz an et géife weider virun allem déi grouss Betriber ënnerstëtzt, sou zwee vun den Haaptkritikpunkten