Europa Aktuell
Taxonomie: Jidderee mécht säin eegene Match
An der Europäescher Unioun ginn et den Ament vill Diskussiounen iwwer d'Fro, wéi eng Investitiounen als nohalteg agestuuft solle ginn.
Domat gi Weiche fir d'Zukunft gesat an et geet em vill Suen: Investitiounen, déi e grénge Label kréien, wäerte bei verschiddene Cliente méi beléift sinn, oder éligibel si fir europäesch Subsiden ze kréien. Et gëtt nach vill gestridden, zum Beispill doriwwer, ob Gas an Atomenergie an der sougenannter Taxonomie e grénge Label kréie sollen. D'Decisioun wäert wuel éischter politesch sinn an och Lëtzebuerg huet net ëmmer eng eendeiteg Positioun, mengt d'Danièle Weber an enger Chronik.