Europa Aktuell
Wéi onofhängeg ass déi iresch Dateschutz-Kommissioun?
Wéi onofhängeg sinn national Autoritéite, déi fir den Dateschutz zoustänneg sinn? Déi Fro stelle sech ënner anerem Europadeputéiert, déi duerch ee rezente Fall alarméiert sinn: Déi irescher Dateschutz-Kommissioun steet ënnert dem Verdacht, Facebook mat Händschen unzepaken. Eng éisträichesch ONG huet d'Kommissioun elo verklot.
De Fall suergt fir Opreegung virun allem wëll déi iresch Kommissioun eng vun deene wichtegsten ass an Europa - si ass zoustänneg fir d'Supervisioun vu Facebook a Google - béid Entreprisen hunn hire Sëtz an Irland.