Europa Aktuell
Memberlänner gi sech eens iwwer EU-Mindestloun
De Kader setze fir een europäesche Mindestloun - dat wëllt eng nei EU-Direktiv, déi virun engem Joer vum EU-Kommissär fir d'Aarbecht a Soziales, dem Nicolas Schmit proposéiert gouf. Iwwer déi Propos hunn an de leschte Méint d'Europaparlament an d'Memberlänner diskutéiert.
Gëschter goufe sech déi 27 EU-Staaten iwwer hir Positioun eens, si war net onëmstridden. Oppositioun koum bis um Schluss ënner anerem aus de skandinavesche Länner. Si hate gefaart, datt hire System, deen op Kollektivverträg baséiert, géif a Fro gestallt ginn. D'Danièle Weber mat Detailer