arrow_back_ios
Europa Aktuell
Uber, Deliverando & Co.
Bal 30 Millioune Leit schaffen an der EU fir Plattforme wéi Uber, Delivrando oder WeDely. D'Europäesch Kommissioun wäert haut eng Direktiv proposéieren, déi dofir suerge soll, datt hir Aarbechtskonditioune méi kloer gereegelt ginn. Där neier Direktiv no missten eng ganz Partie vun hinnen als Employé ugesi ginn. De But ass et, hinne méi Rechter ze garantéieren.
D'Agathe Cherki iwwer dee Projet, deen zu haut zu Bréissel vum EU-Kommissär fir d'Aarbecht a Soziales, dem Nicolas Schmit, presentéiert gëtt.