Europa Aktuell
Nicolas Schmit zur EU-Direktiv iwwer Plattform-Aarbechter
Ass een, dee mat sengem Vëlo eng Pizza ausliwwert, een onofhängegen Entrepreneur? Der Europäescher Kommissioun no missten iwwer fënnef Milliounen Leit, déi fir sougenannte Plattforme wéi Uber oder Delivrando schaffen, éischter als Employé agestuuft ginn.
Gëschter huet den EU-Kommissär fir d'Aarbecht a Soziales, den Nicolas Schmit, eng EU-Direktiv presentéiert, déi d'Aarbechtskonditioune vu sougenannte Plattform-Aarbechter reegele soll. Bei de Gewerkschaften gouf et doriwwer ee positiven Echo. D'Entreprisen allerdéngs, op déi méi Käschten duerkéimen, sinn do méi skeptesch.
D'Danièle Weber huet zu Bréissel mam Nicolas Schmit geschwat.