arrow_back_ios
Europa Aktuell
MeToo: Europaparlament wëllt méi konsequent virgoen
Fënnef Joer nodeems d'MeToo-Bewegung entstanen ass, gëtt am Europaparlament een interne Bilan gezunn. Et goufe weider Fäll vun Harcèlement oder sexuellen Aggressioune gemellt. Dowéinst si vill Europadeputéiert derfir, d'Schrauf weider unzezéien. Haut am Nomëtteg gëtt an der Plenière doriwwer debattéiert, wéi eng Konsequenzen doraus ze zéie sinn. D'Agahte Cherki mat Temoignagen an den Haaptpunkte vun den Diskussiounen, déi am Virfeld gelaf sinn.