arrow_back_ios
Europa Aktuell
Déi 27 an de "russesche Bier"
Beim Theema Russland ginn d'Staats- a Regierungscheffen sech meeschtens net wierklech eens. Dës Woch um Sommet zu Bréissel war dat anescht. D'Tensiounen op der Grenz tëschent Russland an der Ukrain waren do een zentraalt Theema. An do waren déi 27 sech erstaunlech no an hire Conclusiounen. Heescht dat, datt de "russesche Bier" eng Menace fir d'Europäer ass? Op déi Fro äntwert den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF mat senger Analys.