Europa Aktuell
Grénge Label fir Gas an Atom: Atomindustrie ass net onzefridden
6 min
D'Propos vun der Europäescher Kommissioun Energie aus Gas an Atomkraaft ënner Konditiounen an där esou genannter Taxonomie als nohalteg anzestufen, suergt fir Diskussiounen. Virun allem an deene Länner, déi dat kritesch gesinn. Dozou gehéiert ënner anerem Lëtzebuerg. Et géif ee sech enger Plainte virum Europäesche Geriichtshaff uschléissen,e sou den Energieminister Claude Turmes am 100,7-Interview.
Éisträich hat annoncéiert viru Geriicht ze goen, wann den Text esou bleift. D'Atomindustrie schéngt iwwerdeem net onzefridden. D'Approche wier "pragmatesch" a "realistesch", gëtt iwwerdeems vu Säite vun der Kommissioun betount.
D'Danièle Weber mat Reaktiounen